Eis Konstruktiounsschlesser bauen e Greifer

Fir eis Konstruktiounsschlesser ass den Ofschlossexamen elo riwwer. Si hunn am Atelier jeeweils ee Greifer gebaut, deen Transportkëschten hiewe kann.
Dobäi hunn si hiert Fachwëssen a Fäegkeete mat ënner anerem Elektroden, MAG- a WIG-Schweessen ëmgesat.

Niewent hirer normaler Ausbildung kruten si d‘Méiglechkeet fir de Kranführerschein ze machen, souwei DVS zertifizéiert Schweesserprüfungen am WIG- an MAG-Schweesse jeeweils PB(Flach) a PF(steigend).