Offre scolaire internationale publique: Eis engleschsproocheg Formatioune gi virgestallt

Am Kader vun der 2. Editioun vum Informatiouns- an Austauschevent iwwer d’Offre scolaire internationale publique zu Lëtzebuerg, déi am Forum Geesseknäppche stattfonnt huet, huet de Lycée Privé Emile Metz (LPEM) niewent villen anere Schoulen seng engleschsproocheg Formatioune virgestallt. De Stand vum LPEM war wärend dem ganze Mëtte gutt besicht, ganz vill Froe konnte beäntwert a potentiell individuell Visitte vun de Siten zu Dommeldeng an Déifferdeng an d’Ae gefaasst ginn.

Villmools Merci den Hären Andrei Filimon, Christophe Thekes a Florent Schennetten aus der Cellule d’Orientation et d’Intégration scolaire (COI) vum LPEM fir hiren Asaz, souwéi der Maison de l’Orientation fir déi perfekt Organisatioun.