Mir sinn eng Klass, mir sinn en TEAM!

Duerch 2 Dech am Mariendall, di ganz ënnert dem Motto Teambuilding stoungen, konnten d‘Schülerinnen an d‘Schüler vun eise 7ièmen Erfarunge fir hier ganzt Liewe sammelen. Begrëffer wéi Respekt, Kommunikatioun a Selbstvertrauen goufen duerch verschidden Aktivitéiten an d‘Praxis ëmgesat.
Zesumme komplizéiert Parcoursen iwwer Maueren a Waasser meeschteren, sengem Partner um Tandem voll vertrauen, an iwwert sech erauswuesse, beim Kloteren a schwindelerreegenden Héichten, huet eise Schülerinnen a Schüler genau esou vill Spaass gemaach, wéi zesummen iessen an zesummen an der Jugendherberg iwwernuechten.
Et waren 2 onvergiesslecher Dech!