Meeschterbréif…wat as dat?

Eis Ofschlossklassen, (1TPMG, 1TPSTC, DP3EB, DP3ET, DP3MF, DP3MM, DP3SC) waren de 5. an den 12. März, op Visitt um Kierchbierg an der Chambre des Métiers. Do kruten eis Schüler Informatiounen zum Brevêt de Maitrise, dem Meeschterbréif. Mat deser Formatioun kennen si selbstänneg ginn, also en eegene Betrib opmaachen, Verantwortung iwwerhuelen a selwer jonk, motivéiert Leit ausbilden.

Et konnte vill oppe Froe beäntwert ginn an di interesséiert Kandidate krute wichteg Informatiounen iwwert den Oflaf vun de Meeschtercoursen.

Eiser Cellule d’Orientation, déi des Visitt organiséiert hat, ass et drëm gaang, eise Schüler a spannende Wee an hier professionell Zukunft ze weisen.