KNX-NEXTGEN Zertifizierung

D’Schüler aus der Klass 2TPSTC (DT-Smart Technologies) hun de KNX Nextgen Cours mat Erfolleg ofgeschloss 🏆💡
An engem 30-Stonne-Cours 📚 hu si déi theoretesch a praktesch Grondlage vum KNX-System geléiert – dem weltwäite Standard fir Smart Home 🏠 an intelligenter Gebaitechnologie.
Dëse KNX-Nextgen Cours gëtt exklusiv a Bildungsinstituter ugebueden. No enger theoretescher a praktescher Ofschlossprüfung kréien d’Participanten eng offiziell KNX Zertifizéierung 🎓 – e wichtege Schrëtt an hirer technescher Ausbildung!
Besonnesch stolz si mir drop, dass de Lycée Privé Emile Metz als offiziellt KNX Bildungsinstitut zertifizéiert ass 🏫 – eng Auszeechnung fir Qualitéit an Engagement am technesche Beräich! 💪