Industriellen a privaten Iwwergang zu neien Energiequellen: Wou steet Lëtzebuerg ?

D’Schüler vun der 3GIG an der 2TPMG hunn e Freidegmoien un enger ganz interessanter Interlycées-Konferenz zum Thema: ” Les Énergies du Futur à Luxembourg: 2030-2050 – Les Transitions vers les Nouvelles Énergies”deelgeholl. D’Konferenz, déi an der Aula vum Kolléisch stattfonnt huet, war a 5 Bléck opgedeelt.
Am éischte Block huet den Här Gaston Trauffler (FEDIL) d’Positioun vun der Lëtzebuerger Industrie duergeluecht. E Schlësselmessage war, datt een ze séieren Iwwergang bei ze héije Stroumpräisser de Lëtzebuerger an europäesche Standuert schwäche géif. Eng aner Feststellung war, datt de Stroumpräis zu Lëtzebuerg, deen un de Präis vun Däitschland gekoppelt ass, e vun den deiersten an Europa ass. Duerno huet d’Madamm Laurence Zenner, CEO vun der CREOS erkläert, wéi sech d’Stroumnetz hei zu Lëtzebuerg duerstellt, sech verännert a wat fir Erausfuerderungen a massiv Investissementer an d’Strouminfrastrukturen dat mat sech brénge géifen.
No enger kuerzer Paus huet fir d’éischt den Här Paul Zeimet, Administrateur délégué vun der Firma SOLER SA, an duerno den Här Patrick Witte vun der Firma Green Power Storage Solitions (GPSS) d’Schüler*innen an d’Professeren iwwer déi rasant technesch Entwécklunge vu Wandkraaft- a Photovoltaikanlagen, awer och iwwer d’Vir- an d’Nodeeler vun der Späicherung a gasfërmege Waasserstoff oder a Gemeinschaftsbatterien, informéiert.
Am leschte Block konnten d’Schüler*innen hir Froen un d’Experten aus den ënnerschiddlechen Themeberäicher stellen, – Froen déi aus Zäitgrënn leider net all gestallt, diskutéiert a beäntwert konnte ginn.
Fir d’schoulesch Offer am Lycée Privé Emile Metz ass et awer eng Bestätegung, datt alle 4 Intervenante betount hunn, datt de Bedarf un Techniker an Ingenieuren, an alle Sparte vun den erneierbaren Energien, de “Smart Technologies” an der Informatik, haut scho grouss as a nach ganz staark an Zukunft wuesse géif. D’Gewënnmarge fir d’Betriber wiere grouss, an d’Paien duerch déi grouss Demande elo scho vill méi héich, wéi an anere Secteuren.