Handwierk an Technik hautno – Beruffer mat Zukunft

Handwierk an Technik hautno – Beruffer mat Zukunft

Entdeck spannend Beruffer a maach de nächste Schratt an deng Zukunft!

 

De 19. Mäerz 2025 invitéiere mir dech häerzlech op den «Handwierkerdag» am LPEM zu Dummeldeng. Hei hues du d’Méiglechkeet, verschidde Beruffer aus den Beruffsausbildunge vun der  Mechanik, der Elektrotechnik, der Informatik an derSchräinerei kennen ze léieren.

 

  • Trefft Entreprisen, Vertrieder vum MENJE an de Beruffskummeren direkt op der Plaz
  • Besicht d’Stänn a kréi méi Informatiounen iwwer deng Zukunftsméiglechkeeten
  • Erlieft spannend Presentatiounen vun Experte aus der Beruffswelt

 

Auerzäiten: 13:00 – 18:00 Auer
Adresse: LPEM, 50 Rue de Beggen, L-1220 Dummeldeng

Programm

Hei ass den detailléierte Programm vum Dag:

TimeMédiathèqueRestaurant scolaire
13:30 - 13:45Creos LuxembourgAmeco
13:45 - 14:00Post Technologies
14:00 - 14:15Luxair (EN)SEO
14:15 - 14:30Den Mobilen Handwierker
14:45 - 15:00Menuiserie ReckingerElectricité Wampach
15:00 - 15:15Nordparts
15:15 - 15:30Luxembourg Air Rescue (EN)La Provençale
15:30 - 15:45ArcelorMittal (EN)ArcelorMittal (LU)

 

D’Presentatiounen daueren ca. 10 Minutten.

 

 

Participante & Partner

D’Stänn vun den Entreprisen fannt dir an de Gebaier B, C, D souwéi an der Médiathéik. Weider Informationen fannt dir anhand vum Plan de sitation. (geschwënn Online)

 

🏭 Industrie & Handwierk:

 

Institutionell Partner:

 

Op dëser Plaz soe mir all de genannten Entreprisen an Institutiounen ee ganz grousse Merci fir hier Participatioun un dësem 1. Informationsdag  mam Motto Handwierk an Technik hautno – Beruffer mat Zukunft.

 

 

Umeldung & Participatioun

Fir all Interesséiert:

Keng Umeldung néideg – Jidderee ass wëllkomm a ka bei eis laanschtkommen fir esou an de Kontakt mam den Entreprise, mat den Institutiounen an och mat Vertrieder vum Lycée Privé Emile Metz ze kommen!

Fir Schoulen & Orientéierungsberoder:

Schoule kënnen hir Schüler*innen iwwer hir Cellule d’Orientation umellen an als Grupp matmaachen.

👉 Mëllt Är Klass elo un – Macht eng Mail op co@lpem.lu a mir mellen eis fir de weideren Oflaf ze plangen

 

Bei weider Froen mellt iech iwwert den Telefon 43 90 61 – 1 oder per Mail op secretariat.dommeldange@lpem.lu

Connexion