Handwierk an Technik hautno – Beruffer mat Zukunft

Wärend dem Informatiounsnomëtten « Handwierk an Technik hautno – Beruffer mat Zukunft« , deen eis Schoul kierzlech fir d’éischte Kéier organiséiert hat, hunn d’Schülerinnen an d’Schüler vun de Klasse 6G, 5G, 5AD a CLIJAA aus dem LPEM sech kennen iwwer d’Beruffer an d’Perspektiven an der Mechanik, der Elektrotechnik, der Informatik an der Schräinerei informéiere. Och Interesséierten aus anere Schoulgemeinschaften hun e regen Interessi gewisen.
Mir soen all den uwiesende Firmen, Ameco, Arcelor-Mittal, Creos, De Mobilen Handwierker, Électicité Wampach, La Provençale, Luxair, Luxembourg Air Rescue, Menuiserie Reckinger, NordParts, Post Technologies, SEO, der Chambre des Métiers, der Chambre de Commerce, der Maison de l’Orientation nach e Mol villmools Merci, datt si sech Zäit geholl hunn, wärend dem ganzen Nomëtte ganz vill Froen ze beäntweren, fir iwwer d’Méiglechkeeten, déi zukunftsorientéiert Formatiounen um Aarbechtsmaart mat sech bréngen, ze informéieren.