Good Food Loop

D’Schülerinnen an d’Schüler vun eise 6G Klasse konnten um Good Food Loop Projet deelhuelen.

Dëse Projet riicht sech u Jonker tëscht 12 a 18 Joer, a soll d’Wichtegkeet vun engem gesonde Gläichgewiicht tëscht dem Ecran-Notzen an dem richtege Liewen ervir hiewen. Dës Initiativ bitt en dynameschen an interaktive Programm, a Form vu 6 Workshoppen un, wou kierperlech Aktivitéit, gesond Ernierung a d’Wuelbefanne kombinéiert ginn.

Ënnert dem Motto: „Manner Ecran – Méi Beweegen, Entdecken, Erliewen“ haten eis 6ièmen e genial flotten Dag.