Foire agricole Ettelbréck 2025

Och dëst Joer war eis Schoul erëm mat engem flotte Stand op der Foire agricole zu Ettelbréck vertrueden. Wärend 3 intensiven Deeg konnten sech eis Visiteuren en Iwwerbléck verschafe vun de Formatiounen déi mir ubidden an den aneren Aktivitéiten déi ronderëm de Cours nach esou statt fannen.

Merci fir déi vill Visitten an déi vill flott Gespréicher déi mir de Weekend konnten féieren.
Merci all de Kanner, déi mat hirer Klass oder mat hiren Elteren bei eis um Stand e Blumenwächter geléit hunn. Denkt drun äre Planzen reegelméisseg ze nëtzen, wann d’LED erëm un ass 😉

Wann dir et de Weekend net bei eis gepackt hutt, da surft einfach laanscht op LPEM.lu

 

 

 

 

 

Previous

Next