Fairtrade goes DĂ©ifferdeng! đŸŒđŸ«

Am Kader vun de Fairtrade-Wochen hunn e puer motivĂ©iert SchĂŒler net einfach nĂ«mme geschwat, mee ugepaakt! Viru ronn fĂ«nnef MĂ©int huet de Fairtradekommitee nĂ€mlech decidĂ©iert:

Mir bauen eise ganz eegene Fairtrade-Stand!

De Plang: E flotte klenge Verkafsstand, mat deem mir d’Leit an der Schoul op fair gehandelt Produkter opmierksam maachen – a se direkt och ubidde kĂ«nnen.

De Stand selwer? E richtegen Eyecatcher! Entworf a gebaut vun drĂ€i SchĂŒler aus dem Kommitee – dem Michel Klein, dem Gilles an dem Jacques Theisen – a mat vill HĂ€erzblutt. Fir d’éischte KĂ©ier ass en de 21. Mee um Site zu DĂ©ifferdeng opgestallt ginn
 an huet direkt vill Opmierksamkeet op sech gezunn. D’Leit hu gestoppt, gekuckt – an och kaaft!

E risege Merci un:

  • dĂ©i drĂ€i SchĂŒler fir hir krass Aarbecht
  • de SchrĂ€ineratelier, deen se top Ă«nnerstĂ«tzt huet
  • an de Service Technique, deen de Stand op DĂ©ifferdeng bruecht an opgeriicht huet

An dat Bescht: Dëse stylishe Stand wÀert och an Zukunft reegelméisseg am Asaz sinn!