Eis DP2MMA mam Velo am Pompjees Musée

Nodeems dat d’Schüler vun der DP2MMA all hier Aarbechten am Atelier ofgeschloss haten, ass nach e bëssen Zäit bliwwe fir op eng kleng Excursioun ze goen.

Mam Vëlo ass et a Richtung Miersch gaange wou eng flott Visitt vum CIS Miersch mat enger gemittlecher Kaffispaus am Zenter um Programm stoung.

An Tëschenzäit hat sech och de Ree verzunn an et ass bei beschtem Wieder weider gaangen op Colmer. Duerno ass de Grupp op Miesdref gefuer wou beim Nuddelskniwweler zou Mëtteg giess ginn ass.

Am Nomëtteg ass dann nach eng Visitt vum Pompjees Musée zou Miesdref gemaach ginn.

Dunn war et awer och schonn erëm Zäit an den Emile Metz ze fueren.

Mat 60 km an de Been a bei beschter Stëmmung ass de Grupp do dann erëm ukomm a konnt esou d’Schouljoer mat engem flotten Erliefnis ausklénge loossen.