Eis 6ièmen um Rock de Rack!

Dëst Joer hunn d’6ièmen aus eisem Lycée um Rock de Rack Festival am Kinepolis deelgeholl. De Rock de Rack steet ënnert dem Thema vun der Gläichstellung zwëschent Meedercher a Jongen.
D’Klassen haten ee Choix un Ateliere bei deenen si virwëtzeg ob Theme wéi z. B. Barcodes, STEM, Gender Marketing a KI gemaach goufen. Si konnte Jumping Robots zesummebauen oder eng eegen Zeitung maachen.

Dat ganz am flotte Kader vum Kinepolis mat enger perfekter Organisatioun vum Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité!