Eis 3GIG zu Besuch am FerroForum.

D’Schüler vun der 3GIG hunn de Freiden, 23. Mee un engem Workshop am FerroForum zu Esch deelgeholl. Si goufe vun hiren Enseignanten dem Chris Kaufmann, Christophe Thekes a Florent Schennetten encadréiert. Am Virfeld haten d’Schüler an der Schoul den Design vun hier eegen Stécker am CAD gemaach an dës Modeller mat 3D-Drockeren aus PLA hiergestallt. Zu Esch goufen déi Modeller am Sand of geformt. An déi esou entstane Sandformen ass dunn de gliddege Stol gegoss ginn. Eis Schüler waren de ganzen Dag matt ganz vill Äifer a Spaass bei der Aarbecht, wéi d’Fotoe beleeën. Aus pädagogescher Siicht war et wäertvoll, datt d’Schüler villes, wat si an der Schoulbänk theoretesch geléiert haten, mat prakteschen Erfarunge vernetze konnten.

Mir soen der Equipe vum FerroForum villmools Merci fir d’Invitatioun an den Encadrement.