Den LPEM op der Foire vun der Bildung fir Nohalteg Entwécklung (BND)

Am Kader vun der Automatiséierung vu Produktiouns- a Déngschtleeschtungsprozesser leeën déi zukunftsorientéiert Formatiounen am Lycée Privé Emile Metz verstäerkt Gewiicht op d’Nohaltegkeet an d’Klimaneutralitéit.
Eise Lycée stellt op der BNE-Foire zwee Projete vir.
Den éischte Schülerprojet ass vun de Smart Technologies-Klassen entwéckelt ginn, dee weist, wéi een iwwer Solarplacken ugedriwwenen Waasserzoufloss an enger Zerre automatesch a klimaneutral gereegelt ka ginn. Op Basis vun engem Modell weist den LPEM, wéi dëse Prozess funktionéiert.
Als zweete Projet präsentéiere mir eng App, déi vun eise Schüler vun den IT-Klassen entwéckelt gouf, an demonstréiert, wéi an engem Recyclingzenter den Offall ofgewien a quantitativ festgehale kéint ginn. De visuelle Modell gouf an Zesummenaarbecht mat Schüler aus eisen däitsch- an engleschsproochege Formatiounen an der Mechanik an de Smart Technologies ausgeschafft.

Screenshot