Chancen a Geforen vu Chat GPT, Deep L & Co

D’Schüler vun de Klassen 3GIG an 2TPMG hunn de leschte Freidegmoien um Workshop “Inside de brain of ChatGPT, DeepL & co.” deelgeholl, deen am Kader vum “Scienteens Lab” an der Maison du Savoir um Campus vun der Lëtzebuerger Universitéit zu Esch-Belval ugebuede gouf. Den Här Christophe Stammet huet den Atelier animéiert, villes erkläert an och d’Schüler iwwer ënnerschiddlech Aktivitéiten animéiert, eegen Erfarungen ze sammelen. Sou hunn d’Schüler geléiert, wéi Programmer d’Bedeitung vu Wieder kodéieren, fir déi mënschlech Sprooch an de Kontext vun de Wieder ze verstoen. Et gouf awer och ganz kloer d’Grenze vun de Programmer opgezeechent, wéi dacks d’Programmer sech ieren a wéi schwéier et heiansdo ass, déi Feeler ze erkennen. Em esou méi wichteg wier et, generative KI verantwortungsvoll ze notzen, sech awer primär op seng eege Kreativitéit a säi kritescht Denken ze verloossen. Zum Schluss goufen d’Schüler och op de negativen ökologeschen Impakt vun der generativer KI sensibiliséiert, wou si visualiséiert kruten, wéi vill Drénkwaasser gebraucht gëtt, fir d’Computeren an de Rechenzentren ze killen – Drénkwaasser, wat net erëm am de Circuit nei benotzt ka ginn.