Ausfluch an de Kloterpark am Kader vum IFO

En Donneschden, den 3. Juli waren eis Schüler vun de 6e Klassen mat hire Proffen an de Kloterpark op Stengefort, fir zesummen e flotten Dag am Gréngs ze verbréngen. Nodeems mir zesumme Kaffi gedronk haten, si mir um 10:00 Auer mam Bus fortgefuer. D’Wieder huet matgespillt an um 11:00 Auer waren si schon all ënnert bloem Himmel uewen um Gerüst an hunn hire Proffen begeeschtert a stolz zougeruff. Et war fir jidfereen dee passende Parcours derbäi. Zefridden iwwer hier Leeschtungen a midd vum Kloteren an der frëscher Loft sinn di 35 Schüler no bal 3 Stonne Kloteren an engem Picknick, deen de Schoulrestaurant preparéiert hat, erëm géint 15:00 virum LPEM erausgelooss ginn.