3GIG, 2TPMG, DP2ET a 4TPMGI zu Visitt an der Chamber

Klassen 3GIG, 2TPMG, DP2ET a 4TPMGI waren d’Chambre des Députés besiche gaangen. Si goufen do vun der Madamm Corinne Cahen empfaangen, Deputéiert, Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg, fréier Ministesch fir d’Famill, d’Integratioun an d’Groussregioun a Vizepresidentin vun der Demokratescher Partei. D’Schüler goufe vun hire Proffen, den Damen Joëlle Biel a Brigitte Ley an den Häre Joé Warling a Florent Schennetten begleet.
Well verschidde Reim an der Chamber am Ablack renovéiert ginn, goufen d’Gäscht iwwer d’Zuschauertribün an de Plenarsall begleet, wou si sech op d’Still vun den Deputéierten an de Regierungsmembere Plaz geholl hunn. No enger kuerzer geschichtlecher Aféierung an Informatiounen iwwert de Fonctionnement vun der Chamber, ass e ganz intensiven Austausch tëschent de Schüler an der Madamm Cahen entstanen.
Bedéngt duerch déi oppen Aart vun der Madamm Cahen ass d’Eis séier gebrach. Schüler, fir déi et den éischte Kontakt mat engem Politiker war, an déi an der Schoulbänk sech oft manner dacks positionéieren, hu fläisseg matdiskutéiert, Froe gestallt an hir Usiichten duergeluecht.
Dobäi sinn d’Theme wéi d’Wichtegkeet vun der Demokratie an all sengen Aspekter, d’Roll vum Grand-Duc, d’Virdeeler vun der Monarchie, de Krich an der Ukrain, den Israel-Palestina Konflikt, d’Reform vum nationale Walsystem, d’Roll vun de Kommissiounen an der Chamber, d’Openthaltsgeneemegunge vun den Ukrainer hei zu Lëtzebuerg, a vill aner Sujete beschwat ginn. Wärend de gutt 90 Minutte konnte ganz vill Informatioune gedeelt, vill Froe beäntwert, Stereotyppen ofgebaut a Denkprozesser ugereegt ginn.
De ganze Grupp wëll nach eng Kéier der Madamm Corinne Cahen villmools Merci soen, datt si sech esou vill Zäit geholl huet, fir mat ganz vill Fach- an Hannergrondwëssen d’Visitt z’animéieren, an esou zu engem onvergiesslechen Erliefnis bäigedroen huet.