3. Plaz am Lego League Challenge 2025

De 5.Februar ware mir mat 15 Schüler vun eiser 6G1 a 6G2, de ganzen Dag am Forum Geesseknäppchen an hunn do un der Lego League Challenge deelgeholl.

D’Thema vun der dësjäreger Challenge war “Submerged”. Hei ass et dorëms gaang d’Ënnerwasser Welt z’erfuerschen.

D’Ziel war et mat engem Lego Roboter ënnerhalb 2min30s esou vill wei méiglech Aufgaben op engem Board ze léisen. Dës Aufgabe gounge vu Lego Plankton asammelen, Koralle beweege bis hin zu komplexen Hiewel Aufgabe wei ee Lego Wal mat Plankton fidderen. Am ganze waren et 3 Spillronnen an déi beschte Ronn gouf da bewäert.

Ugangs waren d’Schüler zimmlech nervös wou se mol bis gesinn hu wat d’Konkurrenz fir Roboter gebaut hunn. No der 1ster Testronn war des Nervositéit awer fort an eis Schüler sinn zouversiichtlech an déi 1st Offiziell Ronn gaang.

No puer Optimiséierungen um Roboter konnten eis Schüler zum Schluss vun der Challenge e puer Punkten huelen. Eist Ziel war et besser ofzeschneiden ewéi d’Joer 2024. Dëst ass ons och gelongen.

Nieft der Lego League Challenge goufe weider Aktivitéiten organiséiert wei z.B. Beatmaking, Rakéiten aus Pabeier bauen, eng Photobox avm.

Beim Rakéitebau konnten zwee Schüler aus der 6G1, de Lorik DARQUENNE an den Tiesto MAJERUS déi 3. Plaz ergatteren. Hier Rakéit ass ganzer 19,5m wäit geflunn.

Am grousse ganze war et ee flotten Daach a mir freeën eis dat nächst Joer rëm do mat ze maachen.

Link zur Challenge: https://youtu.be/4JV7x014U0I