3 Deeg zu Köln… Eng wäertvoll Erfarung fir eis 6. Klassen
Vum 21.5. bis 23.5. hunn eis 6. Klassen un engem Ausfluch op Köln deelgeholl. Dës Excursioun, déi zwou Iwwernuechtungen an der Jugendherberg ëmfaasst huet, war eng flott Geleeënheet fir d’Schüler, nei Erfarungen ze maachen an sech ausserhalb vum gewinnte Schoulkader besser kennen ze léieren.
Dag 1 stoung ganz am Zeeche vun der Entdeckung: Eng Zoorallye am Kölner Zoo huet d’Schüler a véier Gruppen – Gorilla, Orang-Utan, Bonobo a Schimpans – op eng spilleresch Aart duerch d’Déierewelt gefouert.
Um 2. Dag hunn d’Klassen de Kölner Doum besicht a Spannendes iwwer d’helleg dräi Kinneke geléiert. Duerno goung et an de Schockelasmusée, wou se Abléck an d’Geschicht an d’Produktioun vum Schockela kruten. Den Owend gouf mat enger flotter Bowling-Aktivitéit ofgeschloss.
Den 3. Dag stoung d’Heemrees um Programm, mat engem interessante Stopp zu Andernach: D’Visite vum interaktive Geysir-Musée huet eise Schüler en Abléck an d’Welt vun der Geologie ginn. D‘Bootstour an d’Beobachtung vum Geysir waren e phänomenalen a sprëtzege Schluss vun dësem flotten Ausfluch.
Dës Rees huet net nëmmen d’Allgemengbildung an de Gruppenzesummenhalt gefërdert, mee och vill flott Erënnerunge geschafen.

Am Zoo






Um Rhäin, an der Jugendherberg

Am Doum





Am Schokelasmusée

Beim Bowling



Zu Andernach am Geysir-Musée



Mam Scheff bei de Geysir


De Geysir!












