2TPSTC op Visite bei der Kläranlag “SIDERO”

Leschten Dënschdeg waren ons Schüler vun der 2TPSTC (Smart Technologies) op Visite bei der Kläranlag “SIDERO” zu Biereng.

Bei enger interessanter Féierung kruten ons Schüler een Abléck, wéi eng Kläranlag funktionéiert, a wat fir een technesche Volet (Elektresch, Mechanesch an Informatesch) hannert dëser Anlag stécht.
Als Ofschloss krute mir de Prozessleitsystem vum ganzen SIDERO Reseau gewisen.
E ganz grousse Luef geet un SIDERO Techniker, déi eise Schüler ganz wäertvoll an interessant Detailer zu dëser héichmoderner Anlag weise konnten!
Sie hunn sech ganz vill Méi gemaach, hiert Wëssen eise Schüler weider ze vermëttelen!

Mir soen der ganzer Equipe villmools Merci fir dës Visite!