2TPMG & 2TPMGI am Challenge: Di liichtst a stabilst Bréck bauen!

An enger flotter Challenge sinn eis Schüler vun der 2TPMG & 2TPMGI, a Gruppe géinteneen ugetrueden, an hunn all hiert mechanescht Wëssen a Kënnen ëmgesat, fir déi liichtste Bréck ze bauen. Duerno sinn des Brécken op engem pneumatesche Préifstand, mat enger Kraaft belaascht a getest ginn. Déi liichtste Bréck, déi eng bestëmmte Kraaft ausgehalen huet, huet derbäi gewonnen.

Dëst Joer waren de Felix Leunessen an de Jeff Roeder d’Gewënner vu jeeweils engem 50€ Bong vun Amazon😃.
Mir gratuléieren!