1TPMG & 1TPMGI Project-Presentatioun

No engem Joer voller Engagement, Fläiss an Zesummenaarbecht hunn d’Schüler vun der Klass 1TPMG hire Projet presentéiert. Dëst Joer stoung eng aussergewéinlech Erausfuerderung am Mëttelpunkt:

d’Entwécklung an d’Fabrikatioun vun enger Hiëselnesschielmaschinn.

Dës Maschinn gouf speziell entwéckelt fir automatesch Hieselnëss ze knacken an de Kär vu senger Schuel ze trennen – eng Aufgab, déi an der Praxis oft vill manuell Aarbecht verlaangt. Vu den éischte Skizzen, iwwert d’Berechnungen an d’Konstruktioun bis bei d’Montage an d’Testlaf – d’Schüler hunn all Etapp vum Projet selwer geplangt a realiséiert. Begleet goufen si dobäi vun hiren Enseignanten, déi technesch Berodung a praktesch Ënnerstëtzung geliwwert hunn.

D’Presentatioun war net nëmmen e stolze Moment fir d’Schüler, mee och eng Geleeënheet, fir ze weisen, wéi vill Kompetenzen a Praxiswëssen an enger technescher Ausbildung vermëttelt ginn. Mat dësem Projet hunn d’Schüler gewisen, dass si prett sinn, fir déi technesch Erausfuerderunge vun der Zukunft unzegoen – mat Kreativitéit, Präzisioun an engem staarken Teamgeescht.