đ—˜đ—„đ—”đ—Šđ— đ—šđ—Š+ Carl Benz Schule Koblenz

Am Kader vum Austauschprogramm đ—˜đ—„đ—”đ—Šđ— đ—šđ—Š+ konnten mir vum 14. bis zum 18. November 2022 eis Partnerschoul Ă«mfĂ€nken. Zesummen mat 12 SchĂŒler*innen vun der „Carl Benz Schule“ vu Koblenz an 13 SchĂŒler vun eiser Schoulklass 2TPSTC (Smart Technologies), konnten ganz vill Erfarungen am BerĂ€ich KI „KĂŒnstliche Intelligenz“ gesammelt gi.  MathĂ«llef vun engem Mikrocontroller ESP an enger Intelligenter Kamera „HuskyLens“ goufen insgesamt 6 „Skittles / M&M’s SortĂ©ieranlagen“, an 6 „Autonom Fahrroboter“ programmĂ©iert.

Nieft dem villen Programméieren goufen och FrÀizÀitaktivitéiten organiséiert.
Bei engem Ausfluch an Staat Lëtzebuerg, souwéi op Esch-Belval konnten vill nei Frëndschaften beschloss gi.

No engem groussen Pizza-Iessen an enger flotter PrÀis-Iwwerreechung, sin Àis Kolleegen*innen vun Koblenz nees Heem gefuer.

No dĂ«sem intensivem Austausch freeĂ« mir eis ob den nĂ€chstenÂ đ—˜đ—„đ—”đ—Šđ— đ—šđ—Š+ Projet, zesummen mat eiser Partnerschoul, der „Carl Benz Schule“.

Merci fir dës flott Erfarung!

[html5_video id=41577]

 

 

[html5_video id=41579]